De Boulevard de la Foire ass eng Strooss um Belair an haaptsächlech an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Stäreplaz a Richtung Nordoste bis bei de Rond-Point Robert-Schuman op der Héicht vum Direktiounsgebai vun der Bauverwaltung. D'Strooss krut hiren Numm vun der Schueberfouer, der grousser Kiermes, déi Enn August / Ufank September um Glacis gefeiert gëtt. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Marktplatzring”.
Developed by StudentB